Steierlech Ënnerstëtzung, fir d’Käschte vun Ärem Immobilieprojet ze kompenséieren
Wann de Kaf vun enger Wunneng een op laang Siicht engagéiert, weess ee, datt en dacks d’Resultat vun enger Geleeënheet ass, déi ee net däerf verpassen. Mengt Dir, Dir hätt d’Haus oder d’Wunneng vun Ären Dreem fonnt, mee den Ustig vun den Immobilientaux léisst Iech zécken? Da ass et Zäit, den Tascherechner erauszehuelen, well interessant Steieruleeën – bestoend oder nach ze kommen – kéinten Äre Projet méi bezuelbar maachen, wéi Dir mengt.
E méi virdeelhafte Steierkredit op den notarielle Akten
Neierung 2023: de Steierkredit, deen d’Réckzuelung vun engem groussen Deel vun de Registréierungs- an Transkriptiounskäschten erlaabt (Bellëgen Akt), klëmmt vu 20 000 € op 30 000 €, also 60 000 € fir e Koppel vu Keefer.
Dëse Steiervirdeel ass awer dem Kaf vum Haaptwunnsëtz virbehalen an u Konditioune gebonnen: de Keefer muss bannent zwee Joer no der Ënnerschrëft vum notarielle Kafakt an d’Wunneng anzéien an do während enger duerchgehender Period vu mindestens zwee Joer wunnen.
Eng ganz attraktiv TVA fir Bau- a Renovatiounsaarbechten
Fir der Wunnengskris entgéintzewierken an de Stéit den Zougang zum Eegentum ze erméiglechen, huet de Lëtzebuerger Staat eng TVA mat engem super-reduzéierten Taux vun 3 % amplaz vu 17 % agefouert. Dës gëllt fir de Betrag vun de Bau- oder Renovatiounsaarbechten un enger Wunneng, déi als Haaptwunnsëtz déngt.
Fir vun dëser virdeelhafter TVA ze profitéieren, ass et am beschten, seng Aarbechten un agreéiert Handwierker ze ginn, déi sech ëm d’Formalitéite këmmeren. Wann een awer d’TVA zum normalen Taux vu 17 % bei engem net agreéierte Fournisseur bezuelt huet, huet ee fënnef Joer Zäit, fir d’Réckzuelung vum Ënnerscheed bei der Verwaltung unzefroen.
Och d’Locatiounswunnenge betraff

De Gewënn, deen dëse Steiervirdeel bréngt, ass natierlech net onbegrenzt, mee e kann trotzdeem de bedeitende Betrag vu 50 000 € erreechen. Eng net onbedeitend Marge, fir d’Réckzuelungen ze erliichteren – a vläicht duergoend, fir eng Finanzéierung ze kréien.
Braucht Dir net direkt eng nei Wunneng, mee wëllt Dir an d’Immobilien investéieren, fir Äre Kapital wuessen ze loossen? Wann d’TVA mam super-reduzéierten Taux vun 3 % net op de Kaf vun enger Locatiounswunneng uwendbar ass, kënnt Dir trotzdeem dovunner profitéieren, fir do Renovatiounsaarbechten ze maachen an zum Beispill hir Energieeffizienz ze verbesseren.
Erhéijung vum beschleunegten Ofschreiwungstaux
Wie vu Locatiounsakommes schwätzt, schwätzt vu Steieren… Fir d’Offer u Locatiounswunnengen auszeweiden, gëtt an der Wunnengskommissioun eng beschleunegt Ofschreiwung mat engem Taux vu 6 % am Joer vun der Fäerdegstellung vun der Wunneng an an de sechs Joer duerno gepréift. Bei alen Wunnenge gëllt dëse Taux fir de Betrag vun de Renovatiounsaarbechten, viraussiicht datt dëse méi héich ass wéi 20 % vum Kafpräis vun der Wunneng.





