Allgemeng Geschäftsbedingungen
- Startsäit
- Allgemeng Geschäftsbedingungen
Allgemeng Geschäftsbedingungen
Mir sinn ëmmer drëms bemüht, eise Cliente e qualitativ héichwäertege Service ze bidden. Aus dësem Grond stäipe mir eis op eis allgemeng Geschäftsbedingungen, wat d’Kloerheet vun eiser vertraglecher Bezéiung ugeet. Mir bieden Iech, Iech e Moment Zäit ze huelen, fir déi hei drënner opgeféiert allgemeng Geschäftsbedingungen ze liesen. Sou si mir iwwerzeegt, datt e Servicesugebuet am Aklang mat der Philosophie vun eiser Entreprise op déi optimaalst Manéier garantéiert ka ginn.
1. Allgemenges
Duerch d’Ufro vun engem Service ginn dës allgemeng Geschäftsbedingunge vum Client akzeptéiert a gëllen fir déi ganz Dauer vun der Geschäftsbezéiung mam Intermediär.
Den Intermediär ënnerwerft sech kommerziellen Bedingunge vum Optragsgeber nëmmen dann, wann den Intermediär se ausdrécklech akzeptéiert huet.
2. Servicesufro
- De Client mécht d’Servicesufroen an elektronescher oder anerer Form. Eventuell Problemer, déi aus Ufroe per Telefon oder anerer Form entstinn, ginn zu der Laascht vum Optragsgeber.
- De Client deelt dem Intermediär déi gewënschte Servicer mat, sou wéi seng perséinlech Donnéeën an – gegebenefalls – eventuell besonnesch Ufuerderungen.
- Den Intermediär ass net verantwortlech fir Verzögerungen oder Mängel bei der Ëmsetzung, déi op eng ze onkloer, falsch oder onvollstänneg Ufro zréckzeféieren sinn, sou wéi fir all feelerhaft Iwwerdroung.
3. Präisser
All Offeren a Präisser hänken vun der Ufro of. D’Präisser sinn an EUR ausgedréckt.
4. Äntwertdelaien
- Fir d’Äntwertdelaie vum Intermediär kann keng Garantie ginn. D’Äntwertdelaie ginn selbstverständlech « no bestem Wëssen a Gewëssen » festgeluecht an dem Client matgedeelt; et handelt sech awer ëmmer ëm viraussiichtlech Äntwertdelaien.
- Eng Ufro gëllt als behandelt, wann de Finanzéierungs- oder Bauspuervertrag oder e Verzichtsbréif dem Client geschéckt gouf an domat de Mandat vum Intermediär ofgeschloss ass.
5. Stéierungen, héich Gewalt, Zoumaachen oder Aschränkung vun der Aktivitéit, Netz- oder Serverfeeler, Viren, …
- Den Intermediär ass net verantwortlech fir Schied, déi duerch Stéierunge vun der Aktivitéit vum Intermediär entstinn, besonnesch duerch Fäll vun héijer Gewalt, zum Beispill Netz- oder Serverfeeler, eventuell aner Iwwerdroungsstéierungen an aner Hindernisser, déi den Intermediär net beaflosse kann. Wann déi hei uewe genannte Fäll optrieden, behält sech den Intermediär d’Recht vir, ganz oder deelweis vun de Vertragsverflichtungen zréckzetrieden.
- Datselwecht gëllt, wann den Intermediär seng Aktivitéit fir eng bestëmmten Dauer ganz oder deelweis astelle oder aschränke muss, besonnesch säin Online-Service, deen hien zur Verfügung stellt.
- Den Intermediär ass net verantwortlech fir Schied, déi duerch Viren entstinn. Bei der Liwwerung vun Donnéeë per E-Mail, beim Eroflueden op enger Säit vun dëser Websäit oder bei all anerer Fernübertragung läit déi definitiv Kontroll vun den Donnéeën beim Client. An dësem Sënn gëtt den Ausschloss vu Schuedenersatzusprüch vum Client bei der Vertragsofschloss unerkannt.
6. Verantwortung
Den Intermediär ass selbstverständlech net verantwortlech fir Feeler an de Kontrakter, déi vum Optragsgeber verursaacht goufen a bäi Informatiounen oder Dokumenter berouen, déi falsch oder onvollstänneg sinn, déi net rechtzäiteg zur Verfügung gestallt goufen oder déi aus onliesbaren Texter oder guer aus feelerhafte Quelle stamen. D’Beweislaascht fir déi korrekt a rechtzäiteg Iwwermëttlung vun allen nëtzlechen Informatiounen un den Intermediär läit beim Optragsgeber.
7. Bezuelbedingungen
All Käschten a Cotisatioune sinn esou ze bezuelen, wéi se vertraglech festgeluecht goufen. Am Fall vun der Netbezuelung behält sech dat Finanzinstitut, dat de Spuer- oder Finanzéierungsvertrag ausgestallt huet, d’Recht vir, de Vertrag ze kënnegen.
8. Iwwerreechung vum Vertrag
No der Unhuele vun der Offert gëtt dem Client e Vertrag iwwerreecht, entweder per Post oder perséinlech. Wann de Client de Postwee wielt, ass den Intermediär net verantwortlech fir e Verloscht vum Vertrag, dee per Post geschéckt gouf.
9. Perséinlech Donnéeën a Wahrung vun der Vertraulechkeet
All Donnéeë ginn extrem vertraulech behandelt. Den Intermediär verflicht sech, absolut Stëllschweige iwwer all Fakten an all Donnéeën ze bewaren, vun deenen hien am Kader vu senger Aktivitéit zugonschte vum Optragsgeber Kenntnis kritt. Déi perséinlech Donnéeën, déi vum Client verlaangt ginn, déngen dozou, d’Detailer vun der Spuer- oder Finanzéierungsoffert festzeleeën, déi dem Client proposéiert gëtt.
En absolute Schutz virun engem Zougrëff op Geschäftsgeheimnisser an Informatiounen, sou wéi op aner vertraulech Donnéeën duerch net befugt Drëtter, bei der Iwwerdroung vun Texter a Matdeelunge per Informatik tëscht dem Client an dem Intermediär, kann vum Intermediär net formell garantéiert ginn, wéinst der technescher Méiglechkeet, datt onbefugte Persounen an d’Informatiksystemer androngen.
10. Sproochversioun
Am Fall vun engem Sträit ass eleng déi franséisch Versioun vun den allgemenge Geschäftsbedingunge verbindlech.
11. Uwendbart Recht a zoustännegt Geriicht
D’Vertragsbezéiung sou wéi d’Geschäftsbezéiungen tëscht dem Intermediär an dem Client ënnerleien ausschliisslech dem Lëtzebuerger Recht. Dat international Handelsrecht ass ausgeschloss. All Sträit, an deem den Intermediär als Kläger oder Bekloten involvéiert ass, fällt an déi exklusiv Zoustännegkeet vun de Lëtzebuerger Geriichter.
12. Salvatoresch Klausel
Sollten eng oder méi Bestëmmunge vun dësem Accord fir nichteg erkläert ginn, hätt dat weder d’Nichtegkeet vun der ganzer deelweis gëlteger Bestëmmung nach déi vun den anere Bestëmmunge vun dësem Accord zur Follech. Mat der Ofgab vun enger Ufro verflicht sech de Client, d’Bedingunge vun den allgemenge Geschäftsbedingungen unzehuelen an ze respektéieren.